PADEM ass eng ONG di zum Ziel huet, t’Liewensbedingunge vun de schwächste Bevëlkerungsgruppen an den Entwécklungslänner, an zumools de Kanner, ze verbesseren. D’Aktiounen an t’Projeten zu dësem Zweck erstrecken sech iwwer Joren a si baséiert op eng enk Zesummenaarbecht mat lokale Partner aus der Zivilgesellschaft. De Versuch t’fundamental Rechter vun dëse Bevëlkerungsgruppen duerchzesetze steet dobäi am Virdergrond. Lokal Kulturen a Bräich gi bei allen Aktioune strikt respektéiert.